Den 22. Mee 2013 ass de Pegel vun der Musel vu Stonn zu Stonn sou héich geklommen, dat am Nomëtteg d’Boot huet missen vum Penton lass gemeet, an an den Hafen bruecht ginn. Den 23. Mee huet sech d‘ Laach rëm berouegt, mee mir mussen de Pegel awer am Ae behalen. E puer Fotoen

Am Kader vun der Porte Ouverte de 9. Mee bei Voyages Vandivinit konnten Veräiner bei engem 'Bus Pulling' mat maachen. Den 1. Präis, en Dagestripp fir 50 Leit an engem 400 km Ëmkrees goung un eng Equipe vum Club Nautique du Luxembourg. Si hunn den 11,6 Tonnen schwéieren Bus op 12 Meter Distanz an 12,85 Sekonnen aus dem Stand eraus gezunn. Och déi aner zwou Equipen vum CNL hu bei dësem Wettbewerb eng gutt Figur gemeet.  E puer Fotoen

A rem geet eng flott Saison op en Enn.

E Samsden 28.09.2013 hunn sech e puer flaisseg Memberen getraff fir de Site rem oofzeriichten.

Merci fir äer Hëllef!

Ennert "Gallerie" fannt dir e puer Fotoen

 

D'Saison op der Wiss ass zwar riwwer, mee hei nach e puer wichteg Datumer déi dir iech schon notéieren kennt:

Closingiessen 2013: Samsdes, den 16.11.2013 am Hafen

Stage Jeunes 2014: Mettwoches, den 23.07.2014 bis Samsdes, den 26.07.2014

Nodeems de 6. Abrell de Site an d'Rei bruecht gouf, ware mer frou bei eisem 1. Grillowend de Weekend dono eist Boot nach firzefannen. Duerch de ville Reen huet d'Musel seng Muskele spille gelos, mee d'Boot war gudd fixéiert. E puer Fotoen

De 6. Abrëll 2013 war et rëm souwäit. Bei ganzer 5 Grad haten sech, gudd agepaak mat Mutz an Händchen (eng Tenue déi een normalerweis nit sou oft op der Musel gesäit ;-) ), fläisseg Hëllfer afonnt fir de Site vum CNL zu Bech-Maacher rëm op Trapp ze bréngen. D’Clubsbuud gouf poléiert, de Ponton an d‘ Waasser gelooss an natierlech och eist Boot, wat lo start-kloer ass fir seng Ronnen mat begeeschterten Waasserskisportler op der Musel ze dréinen.

Merci fir är Hëllef an nächste Rendezvous ass allerspéitstens den 1.Mee um 10:00 Auer am Welleschterbierg an der Kéier fir e flotten Meekranz ze man, dee mir dono an den Hafen bréngen.

Soubal t'Wieder gudd ass, geet et och Dënschdes an Donneschdes ab 18:00 mat den Training lass. E puer Fotoen.

Eis Onlinepräsenz gouf am Dezember gehackt an huet duerfir eng kleng Wanterpaus ageluecht. Pünktlech fir eis Assemblée Générale an déi nei Saison si mer nees online! D'AG ass den 9. März um 18:00 Auer am Gemengesall zu Bech-Maacher.