Opriichte vum Site 2013
De 6. Abrëll 2013 war et rëm souwäit. Bei ganzer 5 Grad haten sech, gudd agepaak mat Mutz an Händchen (eng Tenue déi een normalerweis nit sou oft op der Musel gesäit ;-) ), fläisseg Hëllfer afonnt fir de Site vum CNL zu Bech-Maacher rëm op Trapp ze bréngen. D’Clubsbuud gouf poléiert, de Ponton an d‘ Waasser gelooss an natierlech och eist Boot, wat lo start-kloer ass fir seng Ronnen mat begeeschterten Waasserskisportler op der Musel ze dréinen.
Merci fir är Hëllef an nächste Rendezvous ass allerspéitstens den 1.Mee um 10:00 Auer am Welleschterbierg an der Kéier fir e flotten Meekranz ze man, dee mir dono an den Hafen bréngen.
Soubal t'Wieder gudd ass, geet et och Dënschdes an Donneschdes ab 18:00 mat den Training lass. E puer Fotoen.
Back online / Assemblée Générale
Eis Onlinepräsenz gouf am Dezember gehackt an huet duerfir eng kleng Wanterpaus ageluecht. Pünktlech fir eis Assemblée Générale an déi nei Saison si mer nees online! D'AG ass den 9. März um 18:00 Auer am Gemengesall zu Bech-Maacher.
Stages Jeunes 2012
Vum 25.07. 2012 bis den 28.07.2012 war déi 2. Editioun vum Stage Jeunes um Site vum CNL zu Bech-Maacher. Wärend dem Stage haaten déi jonk Waassersportbegeeschtert d´Gelegenheet verschidde Waassersportsaktivitéite besser kennenzeléiren. Niewebäi sinn och nach aner sportlech Aktivitéiten, wéi z.B. Volleyball, Schwammen, Laafen a Velostouren gelaf. D’Kanner hunn an Zelter um Site iwwernuecht. Fir gutt Laun a gutt Wieder war gesuergt.

Neit Boot
Säit Mee 2012 huet den CNL een neit Boot, en TIGÉ R20 (www.tige.com). Dëst modernt Boot ass eent vun deene beschte Booter fir Waassersport ze bedreiwen. D’Boot mécht eng optimal Well, souwuel fir Ufänger, wéi och fir Fortgeschrëttener. Duerch extra Ballast kann een d’Well vergréisseren, sou datt een och optimal Bedingungen fir Wakesurfing huet.
CNL Opening 2012
Den 5. Mai ass dee groussen Opening vum CNL Waterski. Wann der Loscht hudd, da kuckt bis laanscht. Fir Eessen a Gedrenks ass gesuergt. Mir freen eis op eech!
Nei Homepage online
D'Homepage vum CNL Bech-Maacher presentéiert sech an engem neie Look. Waat huet sech geännert? Op der Haaptseit gin an Zukunft aktuell Noorichten an Club-Evenementer zeitnoh annoncéiert. Ennert Club Info's fenns de eng kleng Beschreiwung wee mir sin a waat bei eis alles méiglech ass. An der Rubrik Kalenner kann een nokucken wéini waat um Site Bech-Maacher lass ass, wéini de Site nach frei ass an nach gelount ka gin, a wee vun eise Club-Memberen wéini Permanence huet. Vill Spass beim Surfen an natirlech beim Waasserschi. Gäre kanns de ee klenge Feedback oder ee Verbesserungsvirschlag zur Homepage und de Webmaster schecken.
