Saison 2016
Léif Memberen, de Comité vum CNL wenscht Iech vill Gléck am naie Joer an eng flott Waasserskisaison 2016!
Hei déi wichteg Datumer fir d´Saison 2016 vum CNL:
- Assemblée Générale: Freides!!, den 18.03.2016 um 19:00 zu Bech-Maacher
- Opriichten: Samsdes, den 9.04.2016 um 10:00 um Site
- 1te Mee: Sonndes, ab 10:00 um Site mat Mëttes Grillen
- Tigé Trophy 2016: 25.06.2016 a 26.06.2016
- Letzebuerger Meeschterschaften am Wakeboard: Sonndes, 10.07.2017 (Training: Samsdes, 9.07.2015)
- Stage jeunes: Mëttwoches, 20.07.16 (Owes) bis Samsdes 23.07.2016 (Mëttes)
- Oofriichten: leeë mir nach fest
- Oofschlossiessen: leeë mir nach fest
Stage Jeunes 2014
Bei meeschtens schéinem Wieder war vum 23. bis den 26 Juli déi 4. Editioun vum Stage Jeunes um Site vum CNL zu Bech-Maacher. Wéi och schonn déi Joeren virdrun war et rëm ee gelongenen Event bei deem 26 sportbegeeschtert Jugendlecher d´Geleeënheet ergraff hunn fir verschidde Waassersportsaktivitéite op der Musel besser kennenzeléiren. Desweideren huet deen ofwiesslungsräiche Programm mat Volleyball, Schwammen, Lafen a Velostouren fir gutt Laun gesuergt. Abenteuerlech war natierlech och rëm d’Iwwernuechten an den Zelter um Site. Mir freeën eis lo schonn op de Stage Jeunes 2015. Bis d‘nächst Joer! E puer Fotoen.
Stage Jeunes 2015
Déi 5. Editioun vum Stage Jeunes um Site vum CNL zu Bech-Maacher haat et rem a sech. Vill Spass haaten eis Nowuessportler bei deenen verschiddene Waassersportaktivitéiten, egal op mam Wakeboard, mam Monoschi oder mat den traditionelle Waasserschi. Fir gudd Laun huet neewt dem Waassersport och een ofwiesslungsräiche Programm gesuergt. Op Volleyball, Schwammen, Lafen, Velostouren oder de Besuch beim Imker... et war fir jiffereen eppes derbei. Spannend war natierlech och rëm d’Iwwernuechten an den Zelter um Site. Mir freeën eis schon op deen nächsten Stage Jeunes. Bis d‘nächst Joer! E puer Fotoen.
4. Stage Jeunes 2014
4. CNL - Stage Jeunes 2014
COMPLET!!!!
Mettwoches 23.07.2014 18:00
bis Samsdes 26.07.2014 12:00
zu Bech-Maacher
um Site vum CNL
This email address is being protected from spambots. You need JavaScript enabled to view it.
Infos Saison 2014
Gläich geet d‘ Saison 2014 op der Musel rëm lass, dofir hei e puer wichteg Datumer:
- Opriichten 2014: Samschden 12.04.2014 ab 10 Auer
- 1. Mee 2014: ab 10 Auer am Welleschterbierg an der Kéier
- Stage jeunes 2014 vu Mëttwoches 23.07.14 bis Samsdes 26.07.2014 inclus
- Oofriichten 2014: Samsdes den 04.10.2014 um 10:00 um Site
- Closing 2014: Samsdes den 15.11.2014 um 19:00
3. CNL - Stage Jeunes

Mir invitéieren déi jonk Waassersportbegeeschtert op Bech-Maacher op eis 3. Editioun vum
CNL - Stage Jeunes
vu Mëttwochs de 24.07.2013 ab 18 Auer bis Samschdes den 27.07.2013 um 12 Auer.
Méi Informatiounen hei: CNL - Stage Jeunes 2013
Authorisation parentale hei: Authorisation parentale
Den 3. CNL Stages Jeunes ass ausgebucht.


