Fakellaf vun den Déifferdenger Pompjeeën
Am Kader vun de Festivitéiten 125 Joer Déifferdenger Pompjeeën / 26 Joer Déifferdenger Jugendpompjeeën, gouf en Donneschden 16.Juni 2016 um 10 Auer vum Déifferdenger Asazzenter aus de Fakellaf lancéiert. Et war e Staffellaf vu 4 Deeg, vu ville Corpse vun de Pompjeeën, mat der olympescher Fakel vun London 2012, zu Fouss, mam Vëlo, mam Moto, mat amerikaneschen Oldtimer a souguer mat engem Motorboot, bis d'Fakel de Sonnde Mëtten um 15 Auer op der Déifferdenger Maartplaz um Floriansfest ukomm ass.
Duerch di staark Stréimung hunn di Wuermer Pompjeeën d'Fakel per klengem Boot op Briedemes bei d’Schléiss bruecht fir d’Iwwerreechung vun der Fackel. De Jeff ass dunn vu Palzem riicht duerch bis wäit hannert den Schwéidsbenger Hafen op senge Sprangski mat der Fakel gefuer.
Zu Schengen gouf dunn d’Fakel ënnert extremer Stréimung op deen neie Pavillon iwwerginn.
Mission accomplie:-)
Flott Fotoe fannt dir hei.
6. CNL Stage Jeunes 2016
6. CNL - Stage Jeunes 2016
Mettwoches 20.07.2016 18:00
bis Samsdes 23.07.2016 12:00
zu Bech-Maacher
um Site vum CNL
Fir Umeldung oder Informatiounen mellt iech op: This email address is being protected from spambots. You need JavaScript enabled to view it.
1te Mee 2016
Wei all Joer hunn d´Memberen vum CNL sech den 1te Mee getraff fir e Meekranz ze maachen an en dono an den Hafen ze brengen. Uschleissend gouf zesummen um Site vum CNL giess.
LWWF Stage Antalya 2015
Eisen Highlight vum Joer 2015 war definitiv de Stage mat der Federatioun zu Antalya, an der Türkei. Diverse Komplikatiounen hunn eis net op eisem Wee fir an d' "Waker Paradies" ofgehalen. Déi deeglech 25 Grad, bloen Himmel a pur Sonn hunn eis nëmmen nach méi giereg gemaach an d'Schnalle vum Wakeboard ze klammen, sech vum Cable op d'kaalt Waasser zéien ze loossen, den türkesche Wand ronderëm d'Oueren ze spieren a schliisslech en gudden "Faceplant" ze maachen. Jidderee vun eis huet d' Geleeënheet ergraff säin Horizont ze erweideren an sech mat professionelle Waker ze moossen. Dout midd si mir owes an d'Bett gefall a voll motivéiert moies erëm opgestanen. Am Fliger fir zeréck hu mir un déi schéin Zäit dohanne geduecht. Definitiv eng Erfahrung, déi een sou schnell net wärt vergiessen. (by Liz Koster)
Hei e puer Andreck: Fotoen vum Stage Antalya
Wichteg Datumer 2015
Hei mol e puer wichteg Datumer fir 2015, déi Dir Iech scho mol notéiere kennt.
Vergiesst och nët e Bléck an eise "Kalenner" ze werfen fir ze wëssen, wini wat leeft, a wini de Site reservéiert oder nach fräi ass.
- Opriichten 2015: Samsdes 18.04.2015 um 10:00 Auer um Site
- 1. Mee 2015: Freides ab 10:00 Auer um Site mat Mëttes grillen
- Initiatioun näit Boot: Samsdes den 9.05.2015 um 10:00 Auer um Site
- Stage jeunes 2015: Mëttwochs 22.07.2015 bis Samsdes 25.07.2015 inclus
- Oofriichten 2015: Samsdes den 03.10.2015 um 10:00 Auer um Site
Saison 2016
Léif Memberen, de Comité vum CNL wenscht Iech vill Gléck am naie Joer an eng flott Waasserskisaison 2016!
Hei déi wichteg Datumer fir d´Saison 2016 vum CNL:
- Assemblée Générale: Freides!!, den 18.03.2016 um 19:00 zu Bech-Maacher
- Opriichten: Samsdes, den 9.04.2016 um 10:00 um Site
- 1te Mee: Sonndes, ab 10:00 um Site mat Mëttes Grillen
- Tigé Trophy 2016: 25.06.2016 a 26.06.2016
- Letzebuerger Meeschterschaften am Wakeboard: Sonndes, 10.07.2017 (Training: Samsdes, 9.07.2015)
- Stage jeunes: Mëttwoches, 20.07.16 (Owes) bis Samsdes 23.07.2016 (Mëttes)
- Oofriichten: leeë mir nach fest
- Oofschlossiessen: leeë mir nach fest